Skip to main content

Bookathon

De BookAthon ass en neie Projet VU JONKER FIR KANNER.

Jonk Kreativer tëschent 14 a 27 Joer produzéiere Bicher fir Kanner vun 0 bis 4 Joer – an dat bannent engem 24-Stonnen-Hackathon.

30 Jonker hunn dësen Challenge ugeholl an am November 2023 goufen esou 10 dräisproocheg Bicher produzéiert.

Ënnerstëtzt goufe si vu professionelle Kannerbuchautor·innen, Illustrator·innen a Graphic Designer·innen. D’Kannerbicher fannt Dir an der Rubrik “Bicher”.

Sichs du no engem
neien Challenge?

    Storyteller

    Wolls du ëmmer schonn eng Kéier eng Kannerbuch-Geschicht schreiwen?

    Illustrator

    Illustratioune sinn den A und O vu Kannerbicher.

    Graphic Designer

    Hei bass du fir de Layout vum Kannerbuch zoustänneg.

Wëlls du matmaachen?

Bass du och drun interesséiert als Storyteller, Illustrator oder Graphic Designer matzemaachen? Da schéck eis jee no Rôle deen s du iwwerhuele wëlls eng kuerz Kannnerbuch-Geschicht, 5 Illustratiounen oder en Design vun engem Buchcover eran. STAY TUNED - D'Aschreiwung fir d'Editioun 2024 wäert geschwënn opgoen ! Hues du nach eng Fro? Da schreif eis gären op bookathon@snj.lu