Audiobooks
Bei Graffiti, der Jugendsendungen um Radio Ara, kriss du d’Méiglechkeet bei hinnen am Studio hannert dem Mikro ze stoen, fir den Text anzeliesen. Ausserdeem kriss du och d’Geleeënheet deng Opnam mat Spezialeffekter ze ënnerleeën. Heifir brauchs du keng Virerfarung.
Praktesch Infoen
Buch a Sprooch kanns du dir eraussichen (jee no Disponibilitéit). Reche fir d’Opnam an d’Beaarbechten +/- 2h an. Du dierfs och méi wéi 1x an de Studio komme So eis op mannst 1 Woch am Viraus Bescheed, wéini s du an de Studio komme wëlls.
Wou?
Zu Esch am Studio:
10, rue de l’église,
L-4106
Esch-sur-Alzette
Wéini?
All Dënschden (10h – 16h) an Donneschden (13h-16h)
An der Summervakanz:
- Dënschdeg 11. August: 10h - 16h
- Donneschden 13. August: 13h - 16h
- Dënschdeg 18. August: 10h - 16h
- Donneschden 20. August: 13h - 16h
- Dënschden 25. August: 10h - 16h
- Donneschden 27. August: 13h - 16h