Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Skip to main content

Audiobooks

Bei Graffiti, der Jugendsendungen um Radio Ara, kriss du d’Méiglechkeet bei hinnen am Studio hannert dem Mikro ze stoen, fir den Text anzeliesen. Ausserdeem kriss du och d’Geleeënheet deng Opnam mat Spezialeffekter ze ënnerleeën. Heifir brauchs du keng Virerfarung.

Praktesch Infoen

Buch a Sprooch kanns du dir eraussichen (jee no Disponibilitéit). Reche fir d’Opnam an d’Beaarbechten +/- 2h an. Du dierfs och méi wéi 1x an de Studio komme So eis op mannst 1 Woch am Viraus Bescheed, wéini s du an de Studio komme wëlls.

Wou?

Zu Esch am Studio:
10, rue de l’église,
L-4106 
Esch-sur-Alzette

Wéini?

All Dënschden (10h – 16h) an Donneschden (13h-16h)

An der Summervakanz:

  • Dënschdeg 11. August: 10h - 16h
  • Donneschden 13. August: 13h - 16h
  • Dënschdeg 18. August: 10h - 16h
  • Donneschden 20. August: 13h - 16h
  • Dënschden 25. August: 10h - 16h
  • Donneschden 27. August: 13h - 16h

Aschreiwung Audiobooks

This field is for validation purposes and should be left unchanged.
DD slash MM slash YYYY
GDPR