Bookathon
Du hues tëschent 14 a 27 Joer? Du bass begeeschtert vu kreativen Challengen? Maach mat beim BookAthon 2024!
Dat ass e 24-Stonnen-Hackathon bei deem s du Bicher fir Kanner vun 0 bis 4 Joer kreéiers.
Treffpunkt ass am Forum Geesseknäppchen: D’Kick-off Event ass den 19. Oktober an de BookAthon selwer ass den 28., 29. an 30. Oktober 2024.
Ënnerstëtzt gëss du vu professionelle Kannerbuchautor·innen, Illustrator·innen a Graphic Designer·innen.
Bass du prett fir dëse Challenge? Da schéck eis deng Kandidatur bis den 23. September 2024 eran.
Fir dës kreativ Aarbecht steet dir och eng Primm vun 250€ zou.
Fir eng Iddi ze kréien, kuck d’RTL-Reportage vum BookAthon 2023: https://www.rtl.lu/kultur/news/a/2135399.html
Sichs du no engem
neien Challenge?
Storyteller
Wolls du ëmmer schonn eng Kéier eng Kannerbuch-Geschicht schreiwen?
Illustrator
Illustratioune sinn den A und O vu Kannerbicher.
Graphic Designer
Hei bass du fir de Layout vum Kannerbuch zoustänneg.
Wëlls du matmaachen?
Bass du och drun interesséiert als Storyteller, Illustrator oder Graphic Designer matzemaachen? Da schéck eis jee no Rôle deen s du iwwerhuele wëlls eng kuerz Kannnerbuch-Geschicht, 5 Illustratiounen oder en Design vun engem Buchcover eran.
D’Aschreiwung fir d’Editioun 2024 ass op! Du kanns dech bis den 23. September aschreiwen!
Hues du nach eng Fro? Da schreif eis gären op bookathon@snj.lu
D'Bicher vun 2023
-
D’Muu
Storyteller Lynn KrausIllustrator Joana Aguiar SousaGraphic Designer Dženita JahićSproochenlb de fr2023Entdeck d'Buch -
Nuets, wann net alles schléift
Storyteller Alara KloppIllustrator Jill KayserGraphic Designer Léo Kourouma DecarpenterieSproochenlb de fr2023Entdeck d'Buch -
D’Zanpasta
Storyteller Sofia Mira PiresIllustrator Anna MarkiewiczGraphic Designer Cheryl SchuSproochenlb de fr2023Entdeck d'Buch