Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Skip to main content

About Bookathon

De BookAthon ass e partizipative Projet, bei dem Jonker Kannerbicher entwerfen.

Inspiréiert um südafrikanesche Projet Bookdash https://bookdash.org/, kommen all Joer 30 Jonker vu 14 bis 27 Joer zesummen, fir innerhalb vun 24h 10 Kannerbicher ze kreéieren – vun der Geschicht an de Biller bis zum finalen Design. Den Zweck vum Projet ass et, Jonker zesummenzebréngen an si an hirer Kreativitéit ze stäerken.

E weidert Zil vum Projet ass et, den Zougang zu Kannerbicher ze vereinfachen. No dem BookAthon Event ginn d’Bicher gedréckt an an de Crèchen an Dagesstrukture zu Lëtzebuerg verdeelt. Fir en oppenen Zougang zu de Bicher ze garantéieren, kennen se och online gekuckt, erofgelueden, als Audio-Versioun gelauschtert, an gratis bestallt ginn.

Déi dräisproocheg Bicher sollen d’Kanner scho fréi un d’offiziell Sproochen (+ Englesch) eruféieren an d’Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg valoriséieren.

Dëse Projet gëtt vun der Ekipp Sproochen erliewen vum Service national de la jeunesse (SNJ) organiséiert.