bubble-MAT
Du hues tëschent 14 an 27 Joer an hues Loscht een eegene Comic ze kreéieren? Da maach mat beim BUBBLE-MAT!
Zesumme mat anere Jonken produzéiers du, mat der Ënnerstëtzung vum Comiczeechner Andy Genen, e Comicbuch. Dëst wäert als Printversioun an online verfügbar sinn.
D’Kick-off Event vum BUBBLE-MAT ass den 3. Mäerz 2026 um Siège vum Service national de la jeunesse (48-50, rue Charles Martel). Vu Mäerz bis Mee 2026 hëls du un 8 Workshops mam Andy Genen deel fir un dengem Comic ze schaffen. Datumer vun de Workshops sinn:
- 03.03.2026 de 16h à 18h (Kick-off)
- 10.03.2026 de 16h à 18h
- 17.03.2026 de 16h à 18h
- 24.03.2026 de 16h à 18
- Ouschtervakanz
- 14.04.2026 de 16h à 18h
- 21.04.2026 de 16h à 18h
- 28.04.2026 de 16h à 18h
- 07.05.2026 de 16h à 18h
- 12.05.2026 de 16h à 18h
Mell dech ab direkt un. Mir freeën eis dech kennenzeléieren!
Entdeck déi digital Ausgab vun der Editioun 2025.